
Dem Festival säin dräijäeregt Konzept, eng Danzplattform
an der Regioun opzebauen, kënnt 2007 a seng Endphase; mir freeën
ons dem Publikum an dräi Owender Kënschtler aus Lëtzebuerg,
Frankräich, Däitschland a Belgien virzestellen, mat deene mir
an Zukunft zesumme schaffe wäerten.
E besonnesch interessanten Austausch,
deen och vu „Luxembourg et Grande Région, Capitale européenne
de la Culture 2007“ ënnerstëtzt gëtt, ass d’Zesummenaarbecht
mam Danz Festival vu Sibiu: e rumänesche Choreograf kënnt op
Lëtzebuerg e Stéck virbereeden, mat Dänzer aus der Regioun,
an e lëtzebuergesche Choreograf schafft zu Bucarest mat Kënschtler
aus hirem Land. Danse.Entre.Deux huet um Festival den 21 Juni Première
a gëtt duerno zu Bucarest an zu Sibiu opgeféiert.
Obschonns
mir drop halen den Danz Festival gutt ze organiséieren, soll awer
och eng Plaz bleiwe fir d’Spontaneitéit: eng Rei Lëtzebuerger
Kënschtler loossen sech an op en Improvisatiouns Owend am Dance
Palace/ CPCA zu Bouneweg.
Et gëtt am Juni also genuch ze erliewen,
an ech wënschen Iech vill Spaass derbäi.
 
Christiane Eiffes
|